Finall Interview 2.JPG

Mat wiem schaffe mir zesummen?

Hei fannt Dir eng kleng Iwwersiicht vun deene Fondatiounen an Butteker déi eise Projet LetzSmile bis elo ënnerstëtzen.

 
jonk_entrepreneuren logo.png

JEL

De Projet vun de Mini-Entreprisen gouf vun der Fondatioun ,,Jonk Entrepreneuren Lëtzebuerg'' an d'Liewen geruff. Sie hunn eis wärend dem ganze Joer ënnerstëtzt an och d'Finall tëscht all den Mini-Entreprisen aus dem ganzen Land organiséiert, wou mir d'Chance haten och kënne derbäi ze sinn. Bei dëser Finall hunn mir och en Präis gewonne, an zwar den ,,Marketing and Campaign Award''. Bei der JEL haten mir ëmmer eng Uspriechpersoun an Sie hunn eis bei allméiglechen Problemer gehollef. Niewent dem Projet vun den Mini-Entreprisen organiséieren Sie och nach eng ganz Réi aner flott Evenementer, dowéinst kuckt gären eng Kéier op hirem Internetsite laanscht.

IMG_4313.PNG

Creafil

Creafil ass e Geschäft zu Lëntgen wat Bitzartikelen an vill aner Bastelsaachen verkeeft déi ee fir dat eent oder dat anert kreatiivt Hobby gutt gebrauchen kann. Säit enger gewëssener Zäit verkafe Sie och eis Zännseef an hirem Sortiment an ënnerstëtzen eis Iddi mat voller Freed. Mir sinn stolz drop eise Produit an esou engem flotte Buttek hei zu Lëtzebuerg kenne ze verkafen an immens frou mat der flotter Zesummenaarbecht déi mir bis elo mat hinnen haten. Dat feint Personal huet eis schonn eng Dëschnapp gebitzt, eisen Logo op eis T-Shirten gedréckt an liwwert eis och ëmmer de Fuedem, dee mir beim Verpaken vun eiser Zännseef brauchen. Mir kënnen dëst flott Geschäft nëmmen recommandéieren, dowéinst besicht gären emol hiren Internetsite fir méi Informatiounen oder fannt en direkt an der 35, rue Principale zu Lëntgen.

Greenfox Logo.jpg

Greenfox

Den Greenfox ass e klenge, gemittleche Buttek zu Knapphouschent, deem säin Sortiment nëmmen aus nohaltegen an plastiksfräie Produite besteet. Hien gehéiert dem Anne Roessler, Mamm vun 3 Kanner, déi schonn ëmmer eppes wollt maache, fir dass et eisem Planéit nees besser geet. Hir Kanner huet Sie dowéinst vun Ufank un an Stoffwëndelen gewéckelt, well een dobäi op immens vill onnëtze Dreck verzichte kann, deen een beim benotze vun Einwegwëndelen produzéiert. Well et esou einfach ass fir bei sou klengen alldeeglechen Saachen méi nohalteg ze sinn, huet Sie dunn och den Greenfox gegrënnt, wou Sie am Ufank virun allem Stoffwëndelen verkaf huet. Mëttlerweil huet Sie eng ganz Réi ekologescher Alternativen zu alldeeglechen Utensilien an hirem Sortiment an verkeeft säit kuerzem och eis Zännseef. Mir sinn ganz houfreg op déi flott Zesummenaarbecht déi mir mam Greenfox hunn an kennen Iech wäermstens un d'Häerz leen fir eng Kéier beim Anne zu Knapphouschent laanschtzekommen. Wann et Iech e bëssen ze weit ass fir bis ganz uewen an den Eisléck ze fueren kennt Dir him gären och iwwer Facebook, Messenger an déi aner Sozial Medien schreiwen an kritt dann Är Bestellung heemgeschéckt. D'Adress vum Greenfox ass 11, Duerfstrooss 9759 Wolz.

letzwash 3 .jpg

LetzWash

Eis neiste Zesummenaarbecht hunn mir mam Buttek LetzWash vu Jonglënster. Des flott nei lokal Initiative erméiglecht Iech ganz einfach en grousst Sortiment un ekologesche Produite fir är Wäsch, d'Hausbotz an är Kierperfleeg ze kafen. D'Grënnerin vun LetzWash, d'Viviane Wirtz huet heibäi natierlech komplett op Plastik verzicht an engagéiert sech immens vill fir senge Clienten eng méi nohalteg Liewensweis mat op de Wee ze ginn. Well mir vun dëser Iddi vun Ufank un sou begeeschtert waren sinn mir immens frou och eis Zännseef kenne am Sortiment vum LetzWash ze presentéieren an sengen villen Clienten eise Produit unzebidden. Méi Informatiounen fannt dir op dem Internetsite vun LetzWash an och op hirem Facebook. Dir kennt gären iwwert de Site déi neisten ekologesch Alternativen bestellen an kritt se dann souguer ganz praktesch virun d'Dier geliwwert. Anescht kennt Dir är Bestellung och selwer op déi folgend Adress sichen goen: 1, Rue Kremerich, Jonglënster L-6133.