IMG_4310.JPG

Infos

Mir hunn eis Mini-Entreprise dëst Joer gegrënnt, fir eise Clienten eng nohalteg a ganz natierlech Alternative zu engem alldeegleche Produit ze bidden déi si sou bis elo nach net zu Lëtzebuerg fonnt hunn. An eisem Fall ass dat eng Zännseef, déi aus lokalen Inhaltsstoffer besteet an hei zu Lëtzebuerg produzéiert a verschéckt gëtt.
Domat versiche mir e klengen Deel zu dem Erhalt vun eiser Ëmwelt bäizedroen a kucken nach derbäi, fir dass eis Clienten ganz einfach op e lokale Produit kënnen zougräifen, deen net vun weit hier huet missen importéiert ginn. Dofir kucke mir och fir mat klenge Butteker zu Lëtzebuerg zesummenzeschaffen, fir dass mir eis Zännseef bei hinne kënne verkafen. Mëttlerweil verkaafe mir eis Zännseef schon am ,,Creafil‘‘ zu Lëntgen an am ,,Greenfox’‘ zu Knapphouschent, wou dir och vun eiser flotter Offer kënnt profitéieren. An Zukunft ass och geplangt eise Produit nach am ,,LetzWash‘‘ zu Jonglënster an am ,,Time To Be O‘‘ zu Cessange ze verkafen.