IMG_4399.JPG

Richtlinnen bei LetzSmile

Mir hunn eis als Zil gesat, datt d'Leit sech bei eis wuel fillen sollen a gären nees bei eis zréckkommen. Fir e gudde Kontakt mat eise Clienten ze halen, probéieren mir dowéinst ëmmer op eisen Social Medias fir si present ze sinn, fir dass si eis ëmmer direkt erreechen kënnen a méi iwwert eis gewuer ginn. Nach derbäi kucken mir fir eis gewëssenhaft Richtlinnen ëmmer z'erfëllen an eisen Ziler, déi ënnert anerem nohalteg a lokal sinn, ëmmer trei ze bleiwen. Hei drënner fannt dir dofir eng Lëscht mat eise Bedéngungen. Mir ginn eis Bescht, fir datt eis Richtlinnen éierlech, fair an transparent sinn. Wann dir dozou nach weider Froen hutt, zéckt net eis ze kontaktéieren. Mir sinn ëmmer bereet fir Iech ze hëllefen!