IMG_4303.JPG

LetzSmile

Kaaft bei eis är 100% nohalteg Zännseef a maacht sou eppes Guddes fir eis Ëmwelt!

Häerzlech Wëllkomm um Internetsite vun der Mini-Entreprise LetzSmile!

Mir produzéieren eng nohalteg a komplett natierlech Zännpasta déi an engem klenge Glas verpak gëtt. Eis Zännseef besteet aus ganz gesonden a lokal hiergestallte Produiten a gëtt ënnert den néidegen Hygiènesmesure vun eis produzéiert a verpak. Eis Ziel ass et eise Clienten e qualitativ héichwäertege Produit z'offréieren, dee ganz aus eisem Land kënnt.

 
 

D'Inhaltsstoffer vun eiser Zännseef

Menzueleg

Menzueleg

Wäiss Tounäerd (Kaolin)

Wäiss Tounäerd (Kaolin)

Wasser

Wasser

Natriumbikarbonat

Natriumbikarbonat

Birkenzocker (Xylitol)

Birkenzocker (Xylitol)

 

Werbespot

Fir d'Finall vun den Mini-Entreprisen 2021 hunn mir eisen eegene Werbespot gedréit, deen Dir hei driwwer kënnt kucken. Béi dëser Finall goufe mir och fir den Public Choice Award nominéiert an dofir brauche mir esou vill Stëmme wéi nëmme méiglech. Dofir brauche mir elo Är Hëllef! Et géif eis immens freeë wann Dir fir eis ofstëmme kéint goen. De Link dofir fannt Dir wann dir op dee klenge Button klickt. Dir musst LetzSmile auswielen, Äre Numm an Är Emailsaddress uginn an dann mat engem Klick ganz einfach fir eis ofstëmmen.

D'Team vun LetzSmile seet Iech elo schon Villmools Merci!

 
IMG_4399.JPG

Ëmweltbewosst Liewen

Fir eng plastikfräi Zukunft

Maacht e Schrëtt an déi richteg Richtung a verzicht an Zukunft op dee ville Plastik un ärer Zännpasta.
Mir bidden ierch hei mat LetzSmile eng plastikfräi, ekologesch a lokal produzeiert Zännseef un!

 
IMG_4218.JPG

Plastik bei Zännseefen

Elleng eng Tüb Zännpasta enthält 10% Mikroplastik

Dëse geréit no enger Zäit an den Inhalt vun der Tüb an esou och an eise Kierper. Nodeems d'Zännseef opgebraucht gouf, land de Mikroplastik dann am Mier an ass verantwortlech fir d'Zerstéierung vun eiser Ëmwelt. All Joer stierwen iwwer 135000 Mieressäugedéieren a bal 1 Millioun Vigel un deem ville Plastik, deen sech an eise Mierer befënnt. Eng erschreckend Zuel géint déi een awer schnell eppes maache kann. Vill alldeeglech Produiten, déi aus Plastik bestinn kënnen einfach duerch ekologesch Alternativen ersat ginn, dorënner och eis Zännseef.

IMG_4307_edited.jpg

Keng gëfteg Chemikalien!

D'Inhaltsstoffer vun eiser Zännseef:

Am Géigesaz zu villen anere méi grousse Firmen, verzichten mir komplett op iergendwellech Séißungsstoffer a benotzen dofir ganz ekologesch Inhaltsstoffer. Eis Zännseef baut op enger Basis aus Argile Blanche a Waasser op, zu der mir nach déi néideg Zousazstoffer derbäigemaach hunn, sou dass d'Zänn och schéi propper ginn. Hiere liicht mënzegen an erfrëschende Goût kritt se duerch en äthereschen Mënzueleg. Duerch hire Mënzgoût huet een herno garantéiert kee Mondgeroch méi! Och eis kleng Holzläffelen kommen aus der Géigend ronderëm Lëtzebuerg a sinn 100% nohalteg. Anstatt se wéi Plastiksläffelen, nom Gebrauch fortzegeheien, kann een se ëmmer rëm nees benotzen a bei Bedarf ganz einfach spullen.

IMG_4309.JPG

Firwat grad LetzSmile?

Eis Ziel:

Doduerch dass mir eng Alternative zu der hierkëmmlecher Zännseef ubidden, déi net an enger Plastikstube verpaakt gëtt, hoffe mir, dass eis Clienten insgesamt ufänken méi ëmweltbewosst anzekafen. Wa mir eis als Jonker engagéieren, eppes Guddes fir eise Planéit ze maachen, si mir eis sécher, dass vill Leit hiren alldeeglechen Akaf iwwerdenken an op méi ekologesch a lokal produzéiert Marchandisen zréckgräifen.

Lieft e méi nohaltegt Liewen, andeems Dir bei LetzSmile akaaft!

LetzSmile Équipe.jpg

Wie si mir eigentlech?

LetzSmile Team:

Vu lénks no riets:

Lynn Scholtes: Social-Media Managerin, Nick Konsbrück: Geschäftsféirung a Comptabilitéit, Mika Muller: Kontakt mam Client, Jim Erpelding: Leedung vum Internetsite

 

Iwwert Eis

Schon laang wollte mir eng Mini-Entreprise grënnen, mam Zil en ekologeschen a lokale Produit hirzestellen a sou eppes fir eis Ëmwelt ze maachen. Wéi mir dës Geleeënheet dunn dëst Joer kruten, hu mir 4 bescht Kolleegen eis zesummegesat a gekuckt, wat mir eisen zukünftege Clienten kéinten offréieren. Direkt ass eis bewosst ginn, dass et keng gutt Alternative fir eng plastiksfräi Zännseef hei am Land gëtt, a sou hu mir eis dozou entscheet, eis eegen Zännseef ze produzéieren an och ze verkafen. Eist Zil ass et dëst Joer 250 Zännseefen ze verkafen, an eise Clienten natierlech e beschtméiglechen Service unzebidden! Mir hoffen fir domat sou vill wéi méiglech Leit z'erreechen a si vun eiser Iddi z'iwwerzeegen.

 

Eis Partneren/Sponsoren

Eis Sponsoren erméiglechen et eis eis Mini-Entreprise um Lafen ze halen!

jonk_entrepreneuren logo.png
 

Kontakt ophuelen

Place Auguste Laurent, 1921 Luxembourg

+352 621 611 598

Merci fir är Noriicht!